Interview Claude Marx

Entscheet dech!

Pizza oder Döner?
Pizza
Téi oder Kaffi?
Téi
Sport oder Kusch?
Sport – Ech gi lafen.
Netflix oder Kino? Wat hues du fir d‘lescht gesinn?
Netflix – Eppes ganz Kitscheges: Ginny & Georgia
Game of Thrones oder Stranger Things?
Weder nach.
Hond oder Kaz?
Hond
Facebook oder Twitter?
Facebook
TikTok oder Instgram?
Instagram
Wanter oder Fréijoer?
Fréijoer – De Wanter ass ëmmer laang an eekleg.

Zu der Persoun

Wou goungs du an d‘Schoul?
Ech goung an de Lycée zu Wolz.
Wat wollts du als Jugendlecht ëmmer ginn?
Ech wollt ëmmer e Restaurant hunn.
Firwat goufs du Social Media Managerin?
Ech hunn eppes gesicht, wat ech vun doheem aus ka maachen, well ech vill mat mengem Frënd plënneren.

Wat fir eng Sprooche kanns du schwätzen an/oder schreiwen?

Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch. Ech verstinn Hollännesch an ech sinn amgaang, dat nach weider ze léieren. Ech hat och nach Spuenesch op der Uni an ech hunn Italieenesch an der Schoul gemaach .

Wat ass eng Social Media Managerin?

Eng Social Media Managerin managet all méiglech sozial Plattformen, déi dir Iech kennt virstellen, fir Clienten. Vill Social Media Manager spezialiséiere sech op verschidde Plattformen, well een net an allem eng Expertin ka sinn. Ech zum Beispill entwéckele Strategien, fir Posts ze programméieren, opzesetzen a Werbungen ze schalten. Ech maachen och Communitymanagement, wann ech fir meng Clienten op Kommentarer a Messagen äntweren.

Weess du vill iwwer d‘Wirtschaft an eko[1]nomesch Entwécklungen a Lëtzebuerg?

Also, ech probéieren ëmmer um neieste Stand ze bleiwen – jo.

Ass deng Aarbecht sou, wéi s du der dat ëmmer virgestallt hues?

Jo, och wann et heiansto e bësse stresseg ass.

Hues du lo, mat denger eegener Firma, méi Aarbecht wéi virdrun?

D’Selwecht vill, denken ech.

Beschreif eis wgl. een typeschen Aarbechtsdag.

En typeschen Aarbechtsdag fänkt u sech domat un, datt ech E-Mailen checken. Da kucken ech, ob Messagen op deene Plattformen ukomm sinn, déi ech managen, also Facebook an Instagram. Ech kucken iwwer mäi Planning, fir ze wëssen, wéi ee vu menge Clienten als éischt muss gehandelt ginn, wéi eng Posts musse rausgoen a wéi eng net, wéi eng nach net programméiert sinn a wat déi nächst Zäit usteet. An u sech hält den Dag dann och rëm mat den E-Mailen op, éier ech nach eng Kéier all d‘Säite vu menge Clienten duerchkucken.

Schaffs du vun doheem aus oder gees du an de Büro?

Ech schaffen vun heiheem aus an hunn och Rendez-vouse bei de Clienten.

Firwat kucks du op de Fotoe vun denger Firma am Internet sou eescht?

(schmunzelt) Fir méi professionell ze wierken.

Deng Firma – Pilvi

Aus wat fir enge Länner kommen deng Clienten?

Déi kommen all aus Lëtzebuerg.

Wéi leeft d‘Aarbecht mat denge Clienten of? Wien entscheet dobäi wat?

Dat hänkt ganz vum Client of, wéi mir am beste kënnen zesummeschaffen. Ech hunn och vill Kontakt iwwer E-Mail a WhatsApp. D’Fräiheeten hänken vu Client zu Client of, bei neie Clienten bereeden ech alles fir an de Client kuckt et, ier et erausgeet. Mee ech hunn och Clienten, déi net alles kontrolléieren, éier et verëffentlech gëtt. Do mellen ech mech da just, wann et Froe ginn a wann et Kommentarer goufen, vun deene si onbedéngt musse wëssen – a bei Froen, wou ech d‘Äntwert net weess.

Stell der vir, mir sechs wären eng ganz nei Firma, déi eng App géif verkafen, déi all Accord vum Participe passé am Franséische géif richteg schreiwen. Fir séier a Lëtzebuerg bekannt ze ginn, wat géifs du eis roden?

Dat geet engersäits iwwer den digitale Wee: En Instagram- an e Facebookaccount. Do schalt dir da Werbung, fir är App bekannt ze maachen, dir erkläert, firwat et déi App gëtt a wéi se funktionéiert. Anerersäits muss een zu Lëtzebuerg och ëmmer nach déi traditionell Werbung maachen: Werbeflächen op Bussen a Spotten um Radio an op der Tëlee. Et soll een ëmmer dat Digitaalt mat dem Traditionnelle verbannen.

Dierfs du eis soen, mat wiem s du zesumme schaffs?

Ech kann iech se net all nennen, mee verschiddener schonn: Ech hunn de Moment ëm déi zéng Clienten aus ville verschiddene Beräicher, woubäi ech net ëmmer Facebook an Instagram maachen. Donieft bidden ech och Formatioune fir Clienten un, déi dann no dräi bis sechs Méint hir Werbung selwer schalten – ech beroden da meng Clienten a muss just zum Schluss nach eng Kéier driwwer kucken. Aktuell Clientë sinn zum Beispill: Butzemillen, de Pall Center, Ourdaller, de Lëlljer Gaart oder och nach d‘Gemeng vu Woltz mam Projet „Dofir Wooltz“ .

Fir wat fir eng Produite méchs du am meeschte Reklamm? Dat kann ech guer net sou genau soen, mee am héchsten ass d‘Frequenz vun deem, wat ech rausginn, bei der Butzemillen a beim Pall Center.

Schaffs du de Moment vill?

Ech hu ganz, ganz vill Aarbecht. Meng Deeg daueren deelweis méi wéi aacht Stonnen an an dowéint kann ech am Choix vu menge Clienten méi selektiv sinn. Gären schaffen ech z.B. fir Entreprisen aus dem Norde vu Lëtzebuerg, déi regional produzéieren an och entspriechend Projeten aus dem Tourismusberäich.

Hues du schon eemol eng Firma aus politeschen oder moralesche Grënn ofgeleent?

 Nee. Ech hunn heiansdo Ufroen ofgeleent, wou ech mer net ganz sécher war, op se seriö wieren. Als Selbststännegt muss ech eeben och ëmmer iwwerleeën, wou ech mäin Numm dropsetze wëll. Aus politesche Grënn hunn ech awer nach keen ofgeleent. Mee éischter well de Sujet mech net ugesprach huet oder ech de Projet vum Client net esou interessant fannen.

Wéi leeft d‘Aarbecht mat denge Partner/- innen of? Wien entscheet dobäi wat?

Ech schaffe mat all Client ganz enk zesummen. Ech muss mech eraschaffen, fir da mat him ge nau ze kucken, wat mir maachen. Wann ech awer Froen un den Client hunn, kann hie mir déi och beäntwerten. Ech muss stänneg aktuell sinn, mam Client a Kontakt bleiwen.

Wéi vill Aarbechtsopwand bedeit et fir dech ongeféier, Werbung fir eng Firma op Instagram ze maachen?

Et ass relativ opwenneg, Werbung ze schalten – egal op bei Facebook oder Instagram. Et ass net nëmmen d‘Kreatioun, mee och de visuellen Effekt an de Format mussen un all Plattform ugepasst ginn, z.B. ënnerscheeden sech eng Instagram-Story an ee Facebook-Post am Newsfeed zu dem selweschten Theema. Ech muss entscheeden, wéi laang d’Werbung lafe soll, woubäi de Budget och eng Roll spillt. Ech muss reegelméisseg kucken, ob se oft ugeklickt gëtt. Dëst ass wichteg fir de Client an mech, well mir jo am viraus Ziler definéiert haten. Wann d‘Leit d‘Werbung awer z.B. ze oft gesinn, muss ech se stoppen oder erofhuelen, well se soss riskéiert ze nerven. Dir mierkt, ech kann iech net genee soen, wéi vill Zäit ech fir déi ënnerschiddlech Demandë vu menge Cliente muss investéieren.

Wat fir eng Plattformen am Internet notz du, fir Werbung ze maachen?

Schaffs du och op TikTok? Facebook an Instagram. Op TikTok net, well déi Plattform nach relativ nei ass an et fir mech ze onsécher ass, ob et iwwerhaapt sënnvoll ass, sou fréi Zäit an TikTok ze investéieren. Virun allem awer sprieche meng Cliente eng aner Zilgrupp un.

Wgl. sou, datt och eis Proffen et verstinn: Wat ass de Facebook Ads Manager?

De Facebook Ads Manager benotzt een, fir Werbungen ze schalten, déi mat Sue gepuscht sinn. Ech hunn an deem Sënn besser Resultater mam Ads Manager, well ech ka besser kontrolléieren, wou a wien d‘Werbunge gesäit.

Wat ass den Ënnerscheed tëscht Werbung am TV a Werbung an de soziale Medien?

Werbung op Social Media ka vill méi! Um Fernsee kann ee sech net ëmmer sécher sinn, wie se gesäit. Op Social Media kann ee Werbung vill méi gezielt placéieren. Et gesäit een, wei vill Leit se ugewise kruten a wéi oft se ugeklickt gouf.

Hëllefs du denge Clienten eis auszespionéieren?

Nee, dat geet net. Ech ka kee perséinlech ausspionéieren, och wann ech geziilt Werbung u verschidde Gruppe vu Mënsche ka schécken.

Wéi vill Date vun eis, eisen Elteren an eise Proffe besëtzen deng Clienten?

Dat kann ech iech net soen. Mir als Firma besëtzen näischt, Facebook besëtzt är Daten. Ech kann Zougrëff op Date bei Facebook ufroen, mee ech kann net op enger bestëmmter Persoun hire Browserverlaf zougräifen. Ech kann nëmme soen: Okay, ech well lo z.B. schwanger Fraen oder Männer iwwer 50 erreechen. Da gëtt déi Werbung geziilt schwangere Fraen (Fraen, vun deene Facebook mengt, datt se sech mam Thema Schwangerschaft auserneesetzen) a Männer iwwer 50 ugewisen.

Wéi kënne mir sécher sinn, datt s du eis Date vertraulech behandels?

Ech maache guer näischt mat ären Daten, dat ass alles Facebook.

Hëllefs du denge Clienten eis auszespionéieren?

Nee, dat geet net. Ech ka kee perséinlech ausspionéieren, och wann ech geziilt Werbung u verschidde Gruppe vu Mënsche ka schécken.

Wéi vill Date vun eis, eisen Elteren an eise Proffe besëtzen deng Clienten?

Dat kann ech iech net soen. Mir als Firma besëtzen näischt, Facebook besëtzt är Daten. Ech kann Zougrëff op Date bei Facebook ufroen, mee ech kann net op enger bestëmmter Persoun hire Browserverlaf zougräifen. Ech kann nëmme soen: Okay, ech well lo z.B. schwanger Fraen oder Männer iwwer 50 erreechen. Da gëtt déi Werbung geziilt schwangere Fraen (Fraen, vun deene Facebook mengt, datt se sech mam Thema Schwangerschaft auserneesetzen) a Männer iwwer 50 ugewisen.

Wéi kënne mir sécher sinn, datt s du eis Date vertraulech behandels?

Ech maache guer näischt mat ären Daten, dat ass alles Facebook.

Wourop sollte mir oppassen, wa mer am Internet op de Soziale Medien ënnerwee sinn?

Dir sollt iech bewosst sinn, datt dir op Social Media sidd an datt all Plattform versicht, iech sou laang wéi méiglech op sech ze behalen. An: Den Internet vergësst näischt!

Kriss du och heiansdo selwer Werbung ugewissen, déi s du gemaach hues?

Jo.

Wa jo, klicks du se dann ewech oder kucks du se?

Nee, well da géif ech mech selwer bestrofen. Mäin Zil ass jo, datt sou vill Leit wie méiglech d‘Werbung gesinn a kucken.

Wat ass fir dech déi coolste Werbung, déi s du bis lo gesinn hues?

Eng richteg gutt Werbung ass eng eng Werbung mat enger Geschicht, enger Story hannendrun – d‘Werbunge vu Coca Cola zum Beispill. Werbungen bei deenen een net mierkt datt et eng Werbung ass.

Veröffentlicht von catharina

Über mich: Hallo, ich schreibe seit 2 Jahren für die Schülerzeitung und ich bin in der Klasse 5CLS1. Mir macht es Spaß Texte für die Schülerzeitung zu schreiben. Ich schreibe auf Deutsch.

Hinterlasse einen Kommentar