Ufank Oktober waren erëm d’Chamberwalen, déi all 5 Joer stattfannen. Mee wat ass d’Chamber iwwerhaapt a wat muss do gewielt ginn? Nee, et ass net dem Här Bettel seng Schlofkummer wéi ech als Kand ëmmer geduecht hunn, mee de Sëtz vum lëtzebuergesche Parlament.
Lëtzebuerg ass e Land, dat duerch eng parlamentaresch Demokratie a Form vun enger konstitutioneller Monarchie gereegelt gëtt. Dat heescht, dass mir ënner engem Monarch stinn, den ageschränkt duerch d’Verfassung iwwer d’Land regéiert. Dëse Monarch, nenne mir „Groussherzog“, oder am franséischen „Grand-Duc“. D’Kroun vum Groussherzogtum ass innerhalb vun der Famill Nassau-Weilbourg ierflech. E klenge Fun Fact heibäi: Lëtzebuerg ass ausserdeem dat eenzegt Groussherzogtum, dat et am Moment op der Welt gëtt.
D’Verfassung gëtt vum lëtzebuergesche Parlament geschriwwen. Dëst besteet aus 60 Deputéierten, déi all 5 Joer vum Vollek gewielt ginn. All Deputéierte gehéiert enger Partei un. Vun 2018-2023 ware folgend 7 Parteien an der Chamber vertrueden:
- Chrëstlech-sozial Vollékspartei (CSV): 21 Deputéiert
- Demokratesch Partei (DP): 12 Deputéiert
- Lëtzebuergesch sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP): 10 Deputéiert
- déi gréng: 9 Deputéiert
- Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR): 4 Deputéiert
- déi Lénk: 2 Deputéiert
- Piraten: 2 Deputéiert
D’Aufgabe vun der Chamber sinn et an éischter Ligne, iwwer Gesetzer ofzestëmmen, déi entweder vun der Regierung oder vun engem oder méi Deputéierte virgeschloe gi sinn. Déi Ofstëmmung gëtt no mindestens zwee Méint nach eng Kéier widderholl an duerno muss den Text vum Grand-Duc a vum zoustännege Minister ënnerschriwwe ginn, befiert d‘Gesetz a Kraaft triede kann. Ausserdeem huet d‘Chamber d‘Recht, d‘Regierung ze „kontrolléieren“. Si nominéiert d‘Regierungsmemberen, bestëmmt iwwer déi jeeweileg Budgete vun der Regierung a kann zu all Zäit entweder iwwer de schrëftleche Wee oder mëndlech wärend enger ëffentlecher Sëtzung Froen un d‘Regierung stellen oder Explikatioune froen.
No de Walen vum 8. Oktober 2023 huet sech d‘Parteieverdeelung an der Chamber e bësse geännert. Vertruede sinn d’Parteien elo sou:
- CSV: 21 Deputéiert
- DP: 14 Deputéiert
- LSAP: 11 Deputéiert
- ADR: 5 Deputéiert
- gréng: 4 Deputéiert
- Piraten: 3 Deputéiert
D’Opstellung vun deenen neie Ministerposte sinn am Moment nach net bekannt. De Formateur Luc Frieden, de vum Grand-Duc ernannt ginn a Spëtzekandidat vun der CSV ass, ass amgaang mat senge Gruppememberen de Koalitiounsvertrag mat der DP ze verhandelen. Déi éischt Sitzung an der Chamber huet haut (Stand 24. Oktober 2023) mat deenen nei gewielten Deputéierten den Optakt gemaach. Den Déngschteelsten, de Michel Wolter huet d‘Seance geleet.
An der nächster Zäit wäerten déi nei Ministeren nominéiert gi, fir dass eng Koalitioun tëscht der CSV an der DP an deenen nächste 5 Joer méiglech ass.
Mir wäerte gesinn, ob d’Walresultater negativ oder positiv Auswierkungen op d’Liewen a Lëtzebuerg wäert hunn an ob sech eis Politik an nächster Zäit grouss verännere wäert.
Meng Quellen:
https://gouvernement.lu/lb/systeme-politique.html
https://www.chd.lu/lu/node/422
https://www.hanisauland.de/wissen/lexikon/grosses-lexikon/p/parlamentarische-demokratie.html
https://luxembourg.public.lu/de/gesellschaft-und-kultur/politisches-system/abgeordnetenkammer.html