
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen bréng eis Saachen, allerhand, fir ze kucken, fir ze schmaachen, aus dem schéinen Himmelsland. …

Lidder fir de Kleesche ginn et vill, an awer gëtt bal ëmmer dat selwecht gesongen. Dat läit zwar vläicht dorun, datt vill vun de Lidder zimmlech héisch si fir ze sangen, an doduerch nëmme mat villem übe gutt klengen. Trotzdeem hunn ech net schlecht gestaunt, wéi ech deslescht a mengem Pianoscours e lëtzebuergescht Lidderbuch am Grapp hat an do Stecker entdeckt hunn, déi ech nach ni héieren hunn.
Hei verschidde Lidder déi dir dierft kennen oder eeben och net:
Hei nach e puer Fakten zum gudde Mann:
Lëtzebuerg ass engt vun de wéinege Länner wou Kleeserchersdag sou wichteg ass, dass d’Kanner an der Grondschoul fräi hunn.
De Kleesche wunnt am Himmel. (Net um Nordpol) De 6. Dezember kënnt hien erof op d’Äerd a lant op den Éisleker Koppen. De Kleesche kënnt mam Houseker a mat engem Iesel.
E puer Deeg virun Niklosdag stellen d’Kanner schonn hiren Schong owes virun d’Dir an de Kleesche leet hinnen dann an der Nuecht eng kleng Séissegkeet dran.
De 5. Dezember, owes, stellen d’Kanner Tellere bei d’Dir. Niewendrun leeën d’Kanner Hee oder eng Wuerzel fir den Iesel an e Kaffi oder eng Drëpp fir de Kleeschen an den Houseker.
An der Nuecht op de 6. Dezember bréngt den Zinnikleeschen (=Hellegen Niklos) de brave Kanner Cadeauen a Séissegkeeten. Den Houseker bréngt deene manner brave Kanner eng Rutt.
De Kleeschen huet e gëllene Schlëssel mat deem hien all d’Dieren am Land kann opmaachen. (Hien kënnt net duerch de Kamäin.)
De „Weihnachtsmann“ oder „Père Noël“ oder „Santa Claus“ gëtt et traditionellerweis eigentlech net zu Lëtzebuerg.
Dofir kënnt zu Lëtzebuerg awer de Kleeschen, an deem Sënn, Schéine Kleeserchersdag!